Auxiliaire de vie, Aide-éducateur oder Éducateur diplômé C2-C4 (m/w/d) - Luxembourg (EURES 97789)
Vidyanidhi Job Hirings
  • Luxembourg, ABROAD
  • On-site
  • Negotiable
Contract (Fixed-term employment) Deadline: 02 Oct, 2029
  • Posted: 1 month ago
  • Vacancy: 5
  • Applicants: 0
D'Fondatioun Lëtzebuerger Kannerduerf stellt verschidde Profiller an ! CDI 50 - 100% (m/w/d) Fir eis verschidde Strukturen am Land Miersch - Gralingen - Alzeng Mir sichen engagéiert Fachleit, déi Kanner a Jugendlecher wäertschätzend, ressourcenorientéiert an empathesch begleeden. Dir sidd Auxiliaire de vie, Aide-éducateur oder Éducateur diplômé an Dir wëllt Iech am soziale Beräich asetzen, Verantwortung iwwerhuelen an e reelle Bäitrag fir d'Zukunft vu Kanner a Jugendleche leeschten? Da kommt bei eis an eng Equipe, déi zesummenhält, déi Vertrauen an Engagement lieft, an déi all Kand a senger Eenzegaartegkeet respektéiert an ënnerstëtzt. Zesumme schafe mir e séchert, stabilt an respektvollt Ëmfeld, an deem Kanner a Jugendlech sech kënnen entwéckelen, wuessen an hir Stäerkte entdecken. Mir freeën eis op Är Kandidatur ! Är Aufgaben: • Dir schafft am deeglechen Encadrement vu Kanner a Jugendlechen • Zesumme mat ären Team-KolleegInnen an a Récksprooch mam Chef de groupe suergt Dir fir e pedagogesch strukturéierten a séchere Kader, deen et de Kanner a Jugendlechen erlaabt, sech weider ze entwéckelen a selbststänneg ze ginn • Dir sidd Referenzerzéier vun engem oder zwee Kanner oder Jugendlechen Äre Profil: • Dir hutt en unerkannten Ofschloss, deen de gesichte Profiller entsprëcht, souwuel wéi « d'Autorisation d'exercer » wann dir Educateur diplômé sidd oder  d'« Formation de l'accueil de base » wann dir Aide-éducateur sidd • Dir sidd flexibel wat d‘Aarbechtszäiten ugeet (Dag- an Nuetschichten) • Dir sidd teamorientéiert a bereet an engem multidisziplinären Team ze schaffen • Dir hutt eng zilorientéiert a strukturéiert Aart a Weis ze schaffen • Dir hutt eng gutt Beobachtungs- a Reflexiounsfäegkeet • Dir hutt Spass un systemesch-, ressourcen- a léisungsorientéiertem Denken an Handelen • Dir hutt de Führerschäin (B) • Dir schwätzt Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch, all weider Sprooch assi vu Virdeel Mir bidden: • Eng diversifizéiert an interessant Aarbecht bei engem zouverlässegen a kompetenten Acteur an der Kanner- a Jugendhëllef • Reegelméisseg Weiderbildung an de Beräicher Bindung an Trauma, SOP, Kanner- a Jugendschutz • Reegelméisseg Teamversammlungen, Supervisiounen, Formatiounen • Remuneratioun laut Kollektivvertrag CCT-SAS (C2 bis C4 laut Diplom) • Sympass Kaart Mir bieden Iech folgend Dokumenter am Formulaire eropzelueden: • Motivatiounsbréif • Liewenslaf mat Foto • Kopie vum Diplom • Autorisation d'excercer (Educateur diplômé) Am Fall vun engem Recrutement, gidd dir d'Casiers judiciaires n°3, n°4 a n°5 gefroot. Employer: Fondation Letzeburger Kannerduerf, Etablissement d'UtilitéPublique Source: EURES 97789 | OTc3ODkgMTE
  • Category: Robotics & Automation
  • Employees: 10
  • Founded: Apr 25, 2026
  • Phone: 916363117313
  • Email: vidyanidhi@gmail.com
  • Location: Bangalore, India
Jobs you might be interested
  • ABROAD
  • On-site
  • Negotiable
  • ABROAD
  • On-site
  • Negotiable
1 month ago
  • ABROAD
  • On-site
  • Negotiable
1 month ago
  • ABROAD
  • On-site
  • Negotiable
1 month ago
  • ABROAD
  • On-site
  • Negotiable

We may use cookies or any other tracking technologies when you visit our website, including any other media form, mobile website, or mobile application related or connected to help customize the Site and improve your experience. learn more